„Alles wat rullt!“ – Gefierer-Seenung den 19. Juni an der Par Steesel-Walfer

WALFER. (ksw) Ёnnert dem Titel „Alles wat rullt!“ invitéiert d‘ Par STEESEL-WALFER Ste. Trinité fir e Sonndeg, den 19. Juni 2022 vun 12h00 un op eng Gefierer-Seenung zu Walfer. D‘ Gefierer gi virun der Gemeng (Mairie) geseent. Zoufaart ass iwwert d‘ rue de l’église an dann d‘ rue Josy Welter iwwert de Gemenge-Parking. All Zorte Gefierer wéi den Auto, d‘ Kutsch, den Trakter, d‘ Trottinette oder de Vëlo kënne bei dëser Geleeënheet geseent ginn. „Mir wëlle ganz bewosst keng Autoseenung méi maachen, well mir haut wëssen, dass den Auto fir d‘ Schëpfung net méi onageschränkt e Seegen ass“, hëlt de Pastoralreferent Karsten Steil-Wilke Stellung zum Titel vun dëser Manifestatioun. De Parking op dem alen Uni-Campus zu Walfer (Entrée Barrière an der route de Diekirch bei der Autos-Garage Werner Becht) kann deen Dag benotzt ginn. Weider Informatioune gëtt et beim Pastoralreferent Karsten Steil-Wilke, Telefon 26334024 oder Mail: karsten.steil@cathol.lu.