D'Generalversammlung zu Walfer vun der Chorale Ste Cécile


De Präsident Jos Turmes huet d'Leit begreisst; d'Memberen vum Scheffen- a Gemengerot, d'Präsidentinnen an d'Präsidenten vun aneren Vereiner, d'Sängerinnen an d'Sänger vun der Chorale.

E grousse Merci goung un d'Gemeng fir hir Ennerstetzung.

Och ee Merci ass un d'Pastoral Equipe gang fir di gudd Zesummenarbecht.

Der Dirigentin Elisabeth Schmit, den Organisten, de Sängerinnen a Sänger huet de Präsident e grousse Merci fir hiren Asatz ausgesprach.

Aus dem Aktivitéitsbericht konnt een erausliesen, dass 2022 en chargeiert Joer war: iwwer 114 Mol war de Choer am Asatz. Dat waren, niewt den Prouwen, iwwer 60 Massen, dovun 15 Doudemassen an eng Hochzeitsmass; D'Chorale huet och eng Mass zu Ruedt/Syr gesongen.

Den Trésorier Niky Glaesener konnt en positiven Bilan fir 2022 praesenteieren.

D'Dirigentin Elisabeth Schmit war frou, dass 2022 eng nei Sängerin d'Chorale verstärkt huet. Nei Sängerinnen a Sänger sin net nêmmen wëllkomm, mais erwenscht, fir d'Traditioun vun der sakraler Chouermusek weider ze feieren. D'Dirigentin huet och nach erfier gehuewen, dass d'Chorale Ste Cécile, zesummen mat der Chorale Caecilia, um Galaconcert vun der Walfer Musek den 25.Maerz 2023 bedeelegt ass.

D'Jessie Thill, Scheffen vun der Gemeng Walfer, huet der Chorale Merci geot fir hiert Engagement iwwert d'ganz Joer.

Bei engem gesellegen Patt gouf duerno den Owend ausklénge geloss.

Weitere Neuigkeiten von Nico Edon >