Hobbymaart am Syrkus zu Rued Sir 28. & 29.10.2023

Et ass schonn den 8.Hobbymaart, deen dëst Joer den 28. an 29.Oktober am Syrkus zu Rued Sir ass.

Eng 40 Memberen vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l bidden hir selwer gemaache Saachen zum Verkaf un. Ugebuede ginn Holzaarbechten, Keramik, Käerzen, Seefen, Bitzen an Heekelen, verschidden Zorte vu Schmuck, Kaarten, Biller, Konscht aus Bicher a Pabeier a.v.m.

Bestëmmt fënnt een hei och scho Krëschtdaagsdekoratioun oder deen een oder anere Kado fir d`Feierdeeg. Ausserdeem hu mir och eng flott Tombola, an där dir och Saache vun onsen Aussteller gewanne kënnt an

Fir ons kleng Visiteure gi verschidden Atelieren ugebueden, z.sbp: Kumihimo-Technik a Beton an Taase bemolen. Dës Workshops sinn Deels vu Membere vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l an Deels vum Duerftreff Beim Lis. Bei engem Workshop kënnt dir och un engem Gewënnspill bedeelegen.

Sonndës Mëttes ass vu 15 bis 17 Auer eng Zaubershow mam Magic Luciano.

D`Amicale ISJB vu Betzder verkeeft déi zwee Deeg Allerhellgecoupen an d`Härenequipe vum FC Syra Menster suergt fir d`Iessen an d`Kaffisstuff.

Gläichzäiteg zum Hobbymaart ass an der aler Kierch zu Rued Sir eng Biller- a Skulpturenausstellung.

D`Organisatore sinn d`Härenequipe FC Syra Menster an d`Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l