Walfer – luxracines op neier Adress

Walfer – luxracines op neier Adress

Eng Rei vu Familljefuerscher  haten sech zesummegedoen, fir schliisslech am Joer 2006 déi éischt Journée généalogique zu Leideleng ze organiséieren. Et koum 2009 zur Grënnung vun der luxracines a.s.b.l,  där hire Sëtz deemools nach op privater Adress wor, ier schliisslech 2011 Walfer als Siège an d’Statuten agedroe gouf. Am Ufank waren dem Veräin seng Archiven a private Kelleren, bis dunn d’Gemeng Walfer de Familljefuerscher ee Lokal an der Kierchestrooss konnt zur Verfügung stellen. D’Bibliothéik ass gewuess a fir schlussendlech déi 2500 Bicher iwwer Familljefuerschung ënner Daach ze kréien, ass elo déi nei Adress vu luxracines op 87, rue de l’Eglise zu Walfer. 

Bei enger klenger Aweiungsfeier huet de Patrick Koster, President vu luxracines, d’Gemengenautoritéiten an déi lokal Inviteeë, souwéi all déi begréisst, déi bei dem Plënnere gehollef hun. De Buergermeeschter François Sauber hat d’Éier, d’Bändchen duerchzeschneiden, an domat ass d’Bibliothéik elo offiziell op. Hei kann all Genealogist a Member seng Recherchen an de Bicher maachen. Et stinn och 4 Computeren zur Verfügung, fir kamoud an der digitaler Datebank vun de Por- a Gemengeregësteren, de Vollekszielungen an Notärsakte vum ganze Land ze recherchéieren an dat all Samschdeg vu 14:00 bis 17:00 Auer. Weider Informatioune fand dir um Internet ënnert www.luxracines.lu.

Zum Schluss vun der Feier wor et um neie President, fir sengem Virgänger Rob Deltgen fir säin onermiddlechen Asaz Merci ze soen. De Rob huet ee Kaddo entgéintgeholl a bestätegt, datt hien awer och an Zukunft nach als Kommiteesmember weiderhi wëllt matschaffen an sech och nach ëmmer ënnert anerem ëm d’Organisatioun vun de Sortien a Studiereese wäert këmmeren.