D'Adeline Balthasar-Roth krut 85 Joer

Wegdichen. Viru kuerzem huet d'Madame Adeline Balthasar-Roth bei bester Gesondheeet hier 85 Joer gefeiert. D'Jubilarin gouf den 2. Mee 1934 zu Eeschweller/Wooltz gebuer. No hirer Primärschoul hot si 5 Joer zu Stavelot am Dingscht geschafft. 1955 gouf si mam Bert Balthasar vu Wegdichen bestued an hun zesummen e Jong, de Roland mam Steffi. Haut ass d'Madame Balthasar houfreg op hiren eenzigen Enkel, de Kenny. D'Adeline hot no der Hochzeit nach 17 Joer zu Wooltz op der Eurosynthese an op der Yates geschafft. Am Joer 2008 ass hire Mann gestuerwen. D'Madame Balthasar mecht hire Stood am Haus an och ronderem nach alles selwer a geet och gären mol mat Frendinnen op d'Rull. D'Jubilarin haat viru kuerzem hir Famill a Frenn op e gudd Möttigeessen an hiert Heemechsduerf invitèiert wou flott Stonne verbruecht goufen.