Viru kuerzem huet de LIONS CLUB LUXEMBOURG - EUROPE als Resultat aus hiren "actions sociales" am Exercice 2024/2025 véier Schecken am Gesamtwäert vu 16.000 € u 4 Associatiounen iwwerreecht. Zu den Aktivitéite vum Exercice gehéieren ënner Anerem d’Einnamen aus hirem Asaz beim Hafefest am August 2025 zu Schwebsingen, an och den Erléiss aus dem Verkaf vun hirem Bio - Cremant den d’Kellerei Sunnen-Hoffmann ënnert dem Numm « Crémant de Luxembourg Schengen - Europe » fir de Club produzéiert
De Past-President Edmund Josten konnt zesumme mam aktuelle President Ed Buchette je 4.000 € u follgend Associatiounen iwwerreechen:
1. Aide aux Philippines: Zënter senger Grënnung nom schwéieren Taifun Haiyan am Joer 2013 engagéiert sech d’Associatioun ënnert dem Impuls vum Olivier CONRARDY ënnert Anerem duerch de Bau vun Holzhaiser, Installatioune fir den Zougang zu propperem Drénkwaasser oder Photovoltaikanlagen, fir d’Liewe vun deenen duerch d’Naturkatastrophen an aneren Noutfäll betraffene Mënschen ze verbesseren (https://www.aidephilippines.lu)
2. Theresia’s Orphans and Vulnerable Children Foundation Namibia : De LIONS Club Luxembourg - Europe ënnerstëtzt des Organisatioun schonn zënter 2007. De Projet, dee vun engem Lëtzebuerger, dem Patrick HILGER a senger Fra Elisabeth Hilger - Dos Santos gegrënnt a geleet gëtt, ënnerstëtzt Kanner déi hir Eltere verluer hu resp. Elteren hunn déi sech net em d’Kanner këmmere kennen. Ziel besteet doran, de Kanner et ze erméigleche selbststänneg ze liewen. (https://theresiafoundation.org)
3. Un sourire pour l’Equateur a.s.b.l.: Et ass eng Organisatioun déi den Dr Georges KRATZENBERG gegrënnt hutt, an déi de Lions Club Europe zënter 2018 ënnerstëtzt. Dëse Projet huet zum Ziel, de Leit an engem vun deenen äermste Länner vu Südamerika, den Accès zur d’Zännmedezin ze erméiglechen. Et geet hei och dorëm de Leit déi elementar Zännhygiène ze erklären an och Zänndokter auszebilden an hinnen dat entspriechend Material an awer och Liewensmëttel zur Verfügung ze stellen, (asmileforecuador.org).
4. Back to sport a.s.b.l.: D’Associatioun Back to Sport a.s.b.l. ass eng lëtzebuergesch Organisatioun, déi 2016 gegrënnt gouf. Si setzt sech dofir an, datt Persoune mat kierperlechem Handicap oder reduzéierter Mobilitéit erëm Zougang zum Sport a kierperlecher Aktivitéit fannen. Hir Haaptaktivitéite sinn: adaptéiert Sportaktivitéiten an Traininge fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit a Begleedung a Reintegratioun duerch Sport ,fir de Participanten neit Selbstvertrauen, méi Autonomie an eng besser Liewensqualitéit ze ginn, (https://www.backtosport.lu/)