Generalversammlung Fëscherclub op de Blénkert Weimerskirch

Den 28 Februar 2026 hat de Fëscherclub op de Blénkert Weimerskirch seng Alljärlech Generalversammlung.

De Club hat och den Owend d’ Éier, hirem President Theisen Jules villmools Merci ze soen, fir seng 40 Joer President an 51 Joer Clubmember. De Jules krut e flotte Kaddo iwwerreecht fir all déi Joer wou hien fir de Club do war. De ganze Club wënscht em Jules, dass en nach laang hiren President bleift.

Dat ganz hunn mer dunn bei gudder Gesellschaft mat engem Iessen am Restaurant Osada am Pafendall ofgeschloss.