De Wämper Laf huet mëttlerweil een festen Termin am Kalenner a fënnt wéi all Joer rondrëm déi zwee Seeën zu Wäiswampech statt. Beim Haaptlaf kënnen d'Leefer zwëschen 5 km oder 10 km wielen. Awer och d'Kanner sollen dobäi nët ze kuerz kommen. Beim Jugendlaf sënn dëst Distanzen vun 2600 m oder 1300 m. Fir déi méi kleng ass ët eng Streck vun 750 m. No denen verschiddenen Leef ass d'Streck fräi fir den olympischen Triathlon mat 1500 m Schwammen, 40 km Vëlo an 10 km Lafen.
Organiséiert gët dëss Veranstaltung vun der Wämper Musik, de Wämper Frënn an dem Celtic Dikrich. Fir Iessen an Drënken war bestens gesuergt, a bei beschtem Wieder huet um sportlëchen a gesellëgen Dag näischt gefeelt.