Konveniat


Fieldgen: D’Schülerinnen vun der 1re moderne 1969 hu sech erëm fir hire Konveniat getraff.

No 1 Joer Zwangspaus konnten d‘Schülerinnen vun der 1re moderne 1969 erëm Konveniat feieren. Die beléiften Traditioun, sech all 1. Samsden am Oktober ze treffen, war 2020 fir d’éischte Kéier säit 50 Joer ausgefall. D‘ Freed war duerfir ganz grouss, sech gesond a monter  am Restaurant “A Schmatten” zu Welfreng erëm ze gesinn. 12 vun hinnen haten d‘ Invitatioun vum Claire Theisen ugeholl, an et gouf sech no deem verpasste Joer, esou Munches ze erzielen. No engem gudde Maufel, an engem sportlechen Tuer duerch de Mondorfer Park, gouf e gelongenen Dag, nach bei enger Taass Kaffie an engem flappegen Stéck Kuch ofgeschlooss.  Datumen fir e klengen „Tëschekonveniat“ nächst Joer am Januar, an e groussen den 1. Samsden am Oktober, stinn elo  schonns bei jidderengem am Agenda.

(Text a Foto Claire Theisen)