Béischten - Jemp Schuster mam Claire Parsons

16
Feb
2024
16 Feb

De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman BÉISCHTEN (Verlag KREMART, 2023). An deem klengen Éisleker Duerf, zu Kromber, geschéien an de Joren 1942 bis 1949 Saachen, déi am beschte keen dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen.

Begleet gëtt hien dobäi musikalesch vum Claire Parsons - Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin. Si ass als fräischaffend Musekerin op villen nationalen an internationale Bünen ze gesinn an ze héieren.


An Zesummenaarbecht mat der WELUBI Weeltzer Ludo-Bibliothéik


Location: Brandbau / Time: 20:00 Doors: 19:00


Tickets: Erwuessene 20€; <26 Joer 10€; Kulturpass 1.50€


Kulturpass Info:
Den Entrée ass och méiglech mam Kulturpass (Virverkaf & Oweskeess). Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.

Foto Jemp Schuster © Michèle Turpel, Foto Claire Parsons © Lynn Theisen

Weitere Neuigkeiten von Prabbeli - Centre socioculturel régional Wiltz >