D´Weeltzer Musek ënnert der Direktioun vum Tom Braquet invitéiert op ee ganz speziellen Owend! Verschidde Communautéiten vu Wooltz stelle kulinaresch Spezialitéiten aus hiere respektive Länner vir bidden dës da während dem Concert dem Public un! Fier d Diversifikatioun vun der Stad Wooltz zesummen ze feieren an aus deem Owend een onvergeesslechen Owend ze maachen, hutt déi Weeltzer Musek de Serge Tonnar mat senger Band Legotrip invitéiert.
Serge Tonnar & Legotrip: Serge Tonnar, Gittar, Gesang, Eric Falchero, Tasten, Mandoline, Gitar, Gesang, Rom Christnach, Bass, Gesang, Misch Feinen, Schlogezei, Gesang
De Serge Tonnar a säin Orchester Legotrip beweise mat groussem Erfolleg, dass et wichteg ass Geschichten vun hei an elo an der Sprooch vun hei an elo ze zielen. Dem „Eeenheetsbräi fir et am Ausland ze packen“ gi si aus de Féiss a sichen ëmmer nees nei Weeër fir de Publikum op ongewinnte Plazen, mat ongewéinleche Kläng z'iwwerraschen. Um Festival zu Wooltz trieden se zesumme mat der Wëltzer Musek op, fir déi Geleegenheet huet den Tom Braquet Lidder vu Legotrip speziell fir Band & Harmonie arrangéiert.
SA 08.0719H30
Eintritt frei
Duration
3h incl. dîner