3. Juegdbléiser-Kiermes zu Wolz war e volle Succès
um weitere Bilder zu sehen.
Wolz. Bei beschtem Wieder a gudder Stëmmung huet um éischte Septemberweekend fir déi drëtte Kéier d’Juegdbléiser-Kiermes um Schéissstand vun der FSHCL-Sektioun Wolz stattfonnt. Vill Visiteuren hunn d’Geleeënheet genotzt, fir e gesellege ganzen Dag am Zeeche vun der Juegdmusek ze verbréngen.
D’Iddi fir dës Veranstaltung ass am Joer 2023 entstanen, am Kader vun de Feierlechkeete fir de 40. Anniversaire vun de Clierrwer Juegdbléiser. Deemools ass d’Iddi gebuer ginn, eng eege Juegdbléiser-Kiermes op d’Been ze stellen. Zanterhier ass dat éischt Weekend am September als feste Rendez-vous am Kalenner virgesinn.
Nieft de Clierrwer Juegdbléiser, déi géint Enn vun der Veranstaltung nach eng Kéier hiert musikalescht Kënnen ënner Beweis gestallt hunn, waren dëst Joer sechs weider Gruppen aus Lëtzebuerg an Däitschland dobäi:
Réidener Juegdbléiser (L)Jagdhorn-Bläsercorps Diana Alstal-Blies (D)Jagdhornbläsercorps Mönchengladbach (D)Jagdhornbläser Halali St. Vith (D)Äischdall Alphornbläser (L)St. Hubertus Reimsbach (D)Mat hire verschiddenen Optrëtter hunn d’Gruppen de ganzen Dag iwwer fir e flotten an ofwiesslungsräiche musikalesche Programm gesuergt. Dobäi koum d’Vielfalt an d’Traditioun vun der Juegdmusek besonnesch gutt zur Geltung.
Nieft der Musek hunn och déi gutt Kichen, fair Präisser an déi geselleg Atmosphär zum Erfolleg vun der Veranstaltung bäigedroen. Dat sonnegt Wieder huet déi ideal Konditioune gebueden, fir e flotten Dag a gudder Gesellschaft ze verbréngen.
Alles an allem kënnen d’Organisateuren op eng ganz gelongen drëtt Editioun vun der Juegdbléiser-Kiermes zeréckblécken. An nëmmen e puer Joer huet sech d’Fest zu engem beléifte Rendez-vous fir Frënn vun der Juegdmusek aus Lëtzebuerg an der Groussregioun entwéckelt.