Generalversammlung des Sub Aqua Club Wiltz
um weitere Bilder zu sehen.
De Sub Aqua Club Wiltz (SACW) huet virun kuerzem seng 50. Generalversammlung ofgehalen an dobäi vill Memberen souwéi Gäscht aus Nopesch-Tauchveräiner begréisst. Besonnesch gefreet huet sech de Veräin iwwer d’Presenz vum Schäffe Michel Schenk an dem Gemengerotsmember Sven Schneider, déi domat d’Verbondenheet vun der Gemeng mam Veräinsliewe ënnerstrach hunn.
Am Kader vun der Versammlung huet de Comité op e beweegten Veräinsjoer zeréckgekuckt. Nieft enger grousser Zuel un Trainings- an Ausbildungsaktivitéiten stoungen virun allem d’Weiderentwécklung vun der Tauchschoul, d’Förderung vum jonken Nowuess an den Ausbau vum techneschen Tauchen am Mëttelpunkt.
Mat 121 Memberen bleift d’Memberzuel op engem konstant héijen Niveau. Besonnesch ervirzehiewen ass déi aktiv Jugendarbecht mat 32 jonke Memberen, souwéi eng breet Altersstruktur vun 9 bis 73 Joer. De Veräin ass a véier Sektiounen opgedeelt: Kanner- a Jugendtauchen, Sporttauchen, technescht Tauchen souwéi Höhlen- a Minentauchen.
Och verschidde Tauchprojeten, Weiderbildungen an gemeinsam Veräinsausflich, souwei eis Expedition op Scapa Flow an Schottland goufen ervirgehuewen. D’Memberen hunn dobäi besonnesch den Asaz vun den Instruktoren an den bénévolen Mataarbechter gewierdegt, déi e wesentleche Bäitrag zum Erfolleg vum Veräin leeschten. Eng wichteg Entwécklung war och, datt fënnef nei Instruktoren hir Formatioun erfollegräich ofgeschloss hunn an de Veräin elo aktiv ënnerstëtzen.
Am Beräich vun der Infrastruktur huet de Veräin 2025 gezielt an d’Moderniséierung vum Material investéiert, dorënner den Kaaf vun engem Booster souwéi d’Uschafung vun neien Otemregler, fir Sécherheet an Ausbildungsqualitéit op héijem Niveau ze garantéieren.
De Keessebericht an de Budget fir d’Joer 2026 goufen vum Trésorier Claudie Thills presentéiert an vun der Versammlung approuvéiert.
Fir déi kommend Saison goufen ambitiéis Ziler virgestallt. De Fokus bleift op enger qualitativ héichwäerteger Ausbildung, gekoppelt mat gezielten Investitiounen an modernt Tauchmaterial. Gläichzäiteg soll d’Veräinsgemeinschaft weider gestäerkt ginn, ënner anerem duerch e Valorisatiounssystem, deen den bénévolen Engagement am Veräin fördert.
Zousätzlech plangt de Club nei Kooperatiounen mat regionale Partner an Nopeschveräiner, fir den Austausch an d’gemeinsam Aktivitéiten auszebauen. Eng besonnesch Prioritéit ass an de kommende Méint d’Fërderung vum inklusiven Tauchen. Schonn am Joer 2025 goufen dofir verschidden Instruktoren speziell ausgebilt.
An hire Wortmeldungen huet de Schäffe Michel Schenk d’Bedeitung vum SACW fir dat sportlecht a gesellschaftlecht Liewen an der Gemeng ënnerstrach. Besonnesch gewierdegt gouf den Engagement am Beräich vun der Jugendarbecht an déi aktiv Participatioun un lokalen Manifestatiounen.
Och d’Presidentin vum nationale Tauchverband FLASSA, Carole Georges, huet déi erfollegräich Jugendarbecht an déi villfälteg Aktivitéite vum Veräin ervirgehuewen.
D’Generalversammlung huet nach eemol gewisen, datt de Sub Aqua Club Wiltz net nëmmen eng Ausbildungsstruktur fir Taucher ass, mee virun allem eng lieweg Gemeinschaft, déi vum Engagement, Teamgeescht an der Passioun fir de Tauchsport gedroe gëtt. D’Versammlung ass an enger geselleger Atmosphär bei engem Walking Dinner ausgeklongen, wou Memberen, Gäscht a Partner sech austausche konnten. Dobäi goufen och Gedanke fir d’strategesch Entwécklung vum Veräin bis 2030 diskutéiert.