Hierscht

Den Niwel klemmt den Dall erop

d'Sicht ass dréif, t'ass eng gelleg Zopp.

Den Hierscht huet d'Laaf sou schéi gemolt

mol giel, okker, brong an och Gold.

D'Schéinhhet ass vu kuerzer Dauer

glaich fällt d'Natur an déif Trauer.

De Wand bléist schaarf, d'Blieder faalen

a sinn duerch naischt méi ze haalen.

D'Natur bréet sech op e lange Schloof fier

de Wanter stéet kuerz virun der Dier.

Genéiss all Joreszeit voll a bedenk

all Saison bedeit e grousst Geschenk!

Gedicht: Lilly Schanck-Wilmes