Op Fetten Donneschdeg gin Kanner verkleed durch Doref zu Erpeldang.

Hei kënt een klenge Kinnek!.

Et ass een schéinen alen Brauch, dass d’Kanner ob Fettendonneschdeg von Haus zu Haus sangen gin, sou wéi hokt zu Ierpeldang am Éisleck bei Wolz.

Dat as nach richtege Lëtzebuerger Brauchtum: D'Kanner gin am Gutland an am Minett op Lichtmessdag lichten, an am Eisleck (Norden vu Lëtzebuerg) gin d'Kanner op Fettendonneschdeg verkleed durch Ortschaften heeschen fir Fuesend (Fosicht). An dat Halloweens as Mainstream aus Amerika, den aus Irland kéint, an as kén Lëtzebuerger Brauchtum!

Als Belounung kruten déi kleng Fuesboken Schokla,Séissegkeeten an Suen.

Den Numm kënnt dohier, datt op dësem Dag gär fetteg Fueskichelcher (z. B. Berliner oder Nonnefäscht) giess gi sinn. Den Donneschdeg war awer och dee leschten Dag, op dem geschluecht gouf an dowéinst grouss Deeler Fleesch giess konnte ginn.