d'FAL sset villmols Merci

Sech beschenke loossen - dat war d'Thema vun der Familljemass e Sonnden zou Wilwerdang. De Kommitee vum Sankt Martin huet d'FAL mat engem Schéck vun 2 000 Euro beschenkt - dëst ass den Erléis aus dem Fest vum Sankt Martin, dat d'Gemeinschaft den 9. November gefeiert huet.


De Christophe Wantz huet fir d'Fondatioun de Schéck entgéintgeholl. Hien huet sech bedankt fir déi Zäit déi ganz vill Persounen der Fondatioun geschenkt hunn, vir dat esou eng stolz Zomm zesummenkennt. E Rëtsch vu Veräiner aus der Gemeng hunn matgemaach - sinn all hunn der FAL hier Zäit geschenkt. Mee net nëmmen der Fondatioun, all déi Persoun hunn der Gemeinschaft hier Zäit geschenkt fir dat eng al Traditioun erëm sech entfale kann, déi vum Fest vum Sankt Martin.


Déi Zomm gëtt gebraucht fir inklusive Sortië mat den Bewunner aus de Wunnstrukture vun der FAL ze finanzéieren. Déi Excursioune sinn esou wichteg fir dat eis Bewunner un de gesellschaftlechen Aktivitéite kennen Deel huelen. Zäit schenken, net sech selwer, mee deenen aneren, der Gemeinschaft - dat ass de Kär vun der lëtzebuergescher Solidaritéit, dat ass d'Réckgrat vum lëtzebuergesche Mir-Gefill.


E grousse Merci un all déi Benevollen, déi sech an hirer Por, a hirer Gemeng, a hirem Veräin asetzen. Zesummen, schaffe mir bessert Liewen.