50. Konveniat vun der 9. Promotioun Gendarmerie-Police

Déi 9. Promotioun vu Gendarmerie-Police, organiséiert vun Armand Jaminet, Edgar Dahm a Fernand Dax huet sech zu Wormer fir hire 50. Konveniat getraff. 14 Kolleegen hunn sech et net entgoe gelooss fir bei dem traditionelle Konveniat dobäi ze sinn. Mir si vum Här Buergermeeschter vun der Riesling-Gemeen Wormer Claude Pundel am flotte Gindt Keller empfaangen ginn, deen a sengem Exposé Gemeen Wormer ausféierlech virgestallt huet. E grousse Merci heifir dem Här Buergermeeschter. De Fernand Dax ass a senger Begréissungsried op Geschicht vu 50. Joer Konveniat agangen. Senges Wëssens huet keng aner Promotioun et fäerdeg bruecht, fir all Joer e Konveniat anzeberuffen. Am Abrëll 1973 sinn 18 Gendaarmen vum fréiere Kommandant vun der Gendarmerie dem Jean-Pierre Schanen an 9 Poliziste vum Direkter vun der Police dem Nicolas Echternach vereedegt ginn. Et huet du gedauert bis 1976, bis Kollegen sech fir d’Éischt zu Niederanven an engem bekannte Restaurant getraff hunn. Iddi ass gutt ukomm, soudass vun do un all Joer ausser dem Covid-Joer e Konveniat organiséiert ginn ass. Et hunn sech ëmmer Kolleegen bereet erkläert fir en Zesummetreffen ze organiséieren. Vun Norde bis Süden a vu Weste bis Oste woare mir alles besichen, wéi z.B. de Musée des Mines zu Rëmeleng, de Musée zou Éinen, RTL Louvigny an der Stad an Schifergrouwen zu Maartel, fir nëmmen déi ze nennen. 1987 an 1988 huet et Kolleegen an Ausland verschloe mat der Besichtegung vun der Air Base zu Bitburg a Ford Wierker zu Saarlouis souwéi am Joer 1993 Gelddrekerei zou Bréissel an 1998 Atomkraaftwierk zou Kettenuewen. Och op Palma sollte mer 1996 fléien, mä doraus ass näischt ginn. De Fernand Dax huet och un déi Kollegen erënnert , déi wéinst enger Krankheet oder engem Handicap net konnten dobäi sinn. Och mat enger Gedenkminutt ass un di 7 verstuerwe Kolleegen geduecht ginn. Bei engem Patt offréiert vun der Gemeen Wormer huet de Reuter Günther, deen di 50. Konveniater ëmmer säi Fotoapparat parat hat, e Reckbleck iwwert di vergaangenen Joer gewisen. Bei engem gemittlechen Iessen an engem gudde lëtzebuerger Patt an enger Wäistuff zu Wormer si vill Spichten an Erënnerung geruff ginn. Fir eise Konveniat nächst Joer treffe mir eis am Süden vum Ländchen.