No der Mass fir Cäciliendag goufen am Restaurant Koeppchen um Wormerberreg Sängerinnen a Sänger vun der Chorale grand-ducale Sainte Cécile Wormeldange fir hir Verdéngschter ausgezeechent mat Medaille vun der UGDA. Geéiert goufen Renée Schill fir 7 Joer Aktivitéit, Diane Beckius-Weber fir 10 Joer, Nicole Pirsch-Fischer fir 18 Joer, Lynn Schons-Beining fir 20 Joer, Henri Schumacher fir 40 Joer, Jeannot Belling fir 60 Joer, Fons Entringer fir 70 Joer a Jemp Rollinger fir 70 Joer Aktivitéit. D'Fabienne Lenert-Haupert krut eng Medaille fir säin Amt als Sekretärin während 10 Joer.
De Buergermeeschter Jean Beining hut de Laureate fir hiren Asaz gratuléiert.
De Buergermeeschter Jean Beining hut de Laureate fir hiren Asaz gratuléiert.