Entente Menster, Wuermer, Kanech


Haut hun eis Jongen vun der Entente Menster, Wuermer, Kanech mat hierem Trainer Michel Schmitz, missten zu Menster um Terrain geint d'Equipe vun Diddeleng untrieden. Obwuel si haut net esou iwwerzechent gespillt hun wei soss, haaten si dach d'Gleck op hierer Sait a gewannen dese Match 3-0. No der Paus stoung et 2-0 fir d'Jongen vun der Entente. Den Diddelenger Goalkipper huet hinnen et net einfach gemaach, a vill Schess op de Goal vun Diddeleng huet hien souverän gehaal. Mee eis Jongen hun sech net ginn a weider gekämpf an hun dunn awer nach eng Chance genotzt an den 3-0 geschoss.
Och all Respekt fir hier Kollegen vun der Entente Wuermer, Menster, Kanech, mat hierem Trainer Marc Ferron, si hun geint Iechternach gudd gespillt an de Match 5-0 gewonn.
Hier Kollegen vun der Entente Kanech, Wuermer, Menster hun haut leider zu Kanech 4-2 geint Betebuerg verluer. Mee hieren Trainer, Ben Wagener, war trotzdem ganz zefridden mat senge Jongen, si hun gudd gespillt, mee si haaten awer leider Gleck net esou op hierer Sait.
Super Jongen maacht weider esou.