FC Koeppchen Wormer " a century of football "

D’Buch FC Koeppchen Wormer „ a century of football „ ass elo do, a kann zum Präis vun der Souscriptioun bestallt ginn, andeems ee 75.- € op de Kont IBAN LU29 0019 55555 7856 2000 vum FC Koeppchen Centenaire iwwerweist. Et ass e Buch am Format DinA4 mat haarden Deckelen wou dir op 244 Säiten ausser enger Galerie mat ville Fotoen vun den Ekippen vu fréier an haut , de Maninfestatiounen an Evenementer vum FC Koeppchen och interessant Texter fand. D‘Virwierder si vum Sportminister Dan Kersch , vum Buergermeeschter vun der Rieslingsgemeen Wormer Mathis Ast, dem President vun der F.L.F. Paul Philipp, dem President vum FCKoeppchen an der Saison vum Centenaire 2019/2020 Claude Pundel a vum President vum Organisatiounskommitee Jean Beining. E Réckbléck vun 100 Joer FC Koeppchen, mat flotte Fotoen illustréiert , verfasst vum Jean Beining. Iwwert d‘ Ausstellung, déi de Mäerz 2021 dem Publikum am Centre Culturel zu Wormer vigestallt ginn ass, huet den Fernand Dax en interessanten Artikel geschriwen. Den Guy Schartz huet seng Erfahrungen vum Youth Cup vum F.C. Koeppchen vun 2003 bis haut am Buch festgehalen. D‘ Texter „ Roud Léiwen immer ambitiöser „ an „ die Fussballschule des Verbandes : eine 20-jährige Erfolgsgeschichte „ stamen aus der Fieder vum Laurent Schüssler . Weider fand der vum Robert Godart zwee flott illustréiert Artikelen iwwert d‘Uertschaft Wormer a Wormerberreg mat den Titelen “ Ein Spaziergang „ an “Weekräizer a Kapellen“. Den Direkter vum Institut Vini-Viticole Roby Ley huet sech et als Wormer Jong net huelen gelooss fir en Artikel iwwert „ Die Wormer Koeppchen und der Riesling „ ze schreiwen an d‘Rieslingskinniginnen vun 1999 bis 2021 sinn am Buch veréiwegt. Den Henri Diederich , Zänndokter an Ex-FIFA-Schiedsrichter erkläert d’Parallelen tëschent den Zänn an dem Fussball. Op er puer Säiten huet de Robert Olinger an de Fernand Dax un d‘Zaiten vun der Gendarmerie an der Police zu Wormer erënnert. Resultater an Statistiken si vum Claude Pundel zesummegestallt ginn. E grousse Merci all d‘Leit, déi eis Fotoen a Material zur Verfügung gestallt hunn.