Präisiwwerreeschung Tombola Riesling Open 2015

De 5. Januar 2016 huet den Organisatiounscomité vum Riesling Open zesumme mat de Wënzer, de Brenner an der Rieslingkinnigin Laura Demut mat de Prinzessinne Jeanne-Marie Wagener a Fabienne Demuth, de Gewënner vun der Wäintombola hire Präis iwwerreecht.
Déi 1. Plaz mat 60 Fläsche Riesling an enger Drëpp war fir d’Madame Konsbruck Tanja vu Konsdrëf, déi 2. Plaz mat 48 Fläsche Riesling an enger Drëpp war fir den Här Kapic Tobias vu Bech/Klengmaacher an déi 3. Plaz mat 24 Fläsche Riesling an enger Drëpp war fir d’Madame Borschette Fanny vu Miersch.