Schlemmerfahrt op der M.S. Princesse Marie Astrid

De Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Gemeen Wuermer hat kierzlech Gewënner vun Villages fleuries op eng Schlemmerfahrt op Princesse Marie Astrid invitéiert, wou e puer flott Stonnen bei engem excellenten Menü an engem gudden Pättchen Lëtzebuerger Wäin verbruecht gi sinn. Fuergaascht Schëff huet eis vun Maacher bis Éinen an zeréck bruecht, wou bei herrlechem Wierder di flott Musellandschaft bewonnert konnt ginn. De President Henri Hengel huet Leit wëllkomm geheescht, ënnert hinnen den Här Buergermeeschter vun der Gemeen Wuermer Mathis Ast an huet e waarmen Appell gemaach Haiser an der Gemeen och weiderhin mat Blummen ze verschéineren. Och e groussen Merci ass un di Verantwortlech vun der Gemeen Wuermer gaangen fir di herrlech Blummen, déi si och dëst Joer erëm an deenen verschiddenen Dierfer ënnerhalen, wat bei dënnen momentan bestoenden Temperaturen net ëmmer einfach ass. Och huet en der Kommissioun nach eng Kéier Merci gesot fir déi gutt a vill Aarbecht bei der Auswiel vun den Laureaten