Séance académique ënnert dem Motto « A century of football «

Endlech war et esou wäit! De Sall am Centre Culturel zu Wuermer war feierlech gerëscht an am Aganksberäich vum Centre souwéi am Sall vum 3ten Alter war d‘Ausstellung opgeriicht. Den F.C. Koeppchen, den am Joer 2019 op 100 Joer Geschicht zeréckkucke konnt, hat d‘Feierlechkeeten fir dësen éierenhaften Gebuertsdag an d‘Saison 2019 / 2020 geluecht. En Organisatiounscomité hat sech schonns vill Aarbecht gemaach mat enger Retrospektiv op 100 Joer FCKW. Dunn ass alles anescht komm an de Virus mam Numm Covid-19 ass mat de bekannte Folgen fir d‘Manifestatiounen am Land opgetaucht , an alles huet missen ofgesot ginn. D‘Séance académique déi sollt als Optakt vun den Feierlechkeeten staatfannen, ass elo als Ofschloss den 30. September 2022 mat Éieregäscht , de Memberen a Frënn vum F.C. Koeppchen gefeiert ginn. Duerch de Programm vum Owend huet de Jeff Kettenmeyer professionell gefouert. D‘Begréissung an d‘ Aféierung an de Programm gouf vum President Pit Sadler iwwerholl. Folgend Éieregäscht konnt hien begréissen, de Vertrieder vum Sportsministère Thierry Wagner, d‘Vertrieder aus der Chamber den Député -maire vun der Gemeng Macher Léon Gloden, d‘Députéierten Octavie Modert, Carole Hartmann a Gilles Baum, de President vun der F.L.F. Paul Philipp, vun der Gemeen Wuermer de Buergermeeschter Mathis Ast , d‘Schäffin Martine Schmit an d‘ Vertrieder aus dem Gemengerot souwéi d’Vertrieder aus den Nopeschgemengen, de President vum Organisatiounscomité an Éierepresident vum FCKW Jean Beining, de President vun der Saison Centenaire 2019/2020 Claude Pundel , den Éierepresident Jupp Pundel d‘ Rieslingskinnigin Céline mat hiren Éierendammen, an all fréier a aktuell Spiller vum FCKW souwéi all Frënn vum Wormer Fussball. An senger Begréissungsried huet den Pit Sadler dem Organisatiounscomitéë e grousse Merci ausgesprach fir di vill Aarbecht, dé am Kader vum Centenaire geleescht ginn ass. E Merci goung fir d‘ Ennerstëtzung iwwer 100 Joer un de Sportsministère, un d‘Wuermer Gemeng all Memberen , Éierememberen, Traineren , an all Leit déi sech éieremamtlech engagéiert hunn fir de Wuermer Fussball. De Président huet dunn och nach de Veräin, deen haut wäit iwwer 300 Spillerinnen a Spiller an insgesamt 14 Ekippen zielt, beliicht. Et war dunn un der Réi vum President vum Organisatiounscomité Jean Beining, deen zum Ufank vun senger Ried un all Verstuerwen errënnert huet, déi fir de Veräin geschafft hunn, an an huet als Merci an enger Gedenkminutt un si geduecht. Obschonn dass Aarbechtskonditiounen an der Saison 2019-2020 net ideal waren fir un enger Ausstellung oder engem Buch ze schaffen, huet den Riedner e Kompliment un d’Kolleegen aus dem Organisatiouns-Comité ausgesprach, déi net opginn hunn an ëmmer erëm motivéiert a bereet waren, fir sech enger neier Situatioun ze stellen an de Programm deementspriechend unzepassen. Am Abrëll 2022 ass Buch „ 100 Joer FC Koeppchen „ erauskomm. De Jean Beining huet desweideren erkläert, dass den FC Koeppchen iwwer déi 100 Joer mat Stolz op eng erfollegräich Vergaangenheet zeréckkucke kann. Dëst ass net vun ongeféier esou verlaf. De Schlëssel vum Erfolleg lung am éierenamtlechen Engagement an am Zesummenhalt, zwéi Begrëffer, déi ëmmer eng wichteg Roll am Veräi gespillt hunn. Dëst war awer nëmme méiglech , well de Veräin op d’Engagement vun senge Memberen an op d’Mataarbecht vun ganz ville Fräiwëllege konnt zeréckgräifen. Et war dunn un der Réi vum President vun der Saison 2019/2020 Claude Pundel, deen e Réckbléck op 100 Joer FC Koeppchen gemaach huet, an déms hien op d‘Aspekter Sport, Infrastrukturen, a Finanzen agangen ass. Aus den Ënnerlage geet ervir, datt de Veräin deen 1919, kuerz nom 1. Weltkrich gegrënnt ginn ass, vun Ufank un e groussen Zousproch bei de Leit aus dem Duerf kannt huet. Am Ufank ass op enger Wiss gespillt ginn. 1932 hunn d’Membere selwer mat vill Aarbecht e Footballsterrain amenagéiert. Den 10. Mee 1940 huet eng batter Zäit ugefaangen an och den FC Koeppchen ass net verschount bliwwen an ass 1941 op den Uerder vum Okkupant opgeléist ginn. De Claude Pundel ass dunn nach weider an Geschicht vum FC Koeppchen agangen an huet um sportlechen Plang dräi Héichpunkten erfir gehuewen an zwar 1964/65 ass Wormer, zweet Divisioun bis an d’Véierelsfinall komm, fir do géint Téiteng, Éischt Divisioun mat 2-5 no Verlängerung ze verléieren. Dat war bis dohin dat beschte Resultat fir Wormer an dëser Kompetitioun. An der Saison 1990/91 ass den FC Koeppchen fir déi éischte Kéier an senger Veräinsgeschicht an d’Nationaldivisioun opgestigen an d‘Euphorie am d‘Duerf war grouss. En drëtten Highlight koum vun den Dammen, déi an der Saison 2018/19 an der Finall stoungen vun der Coupe des Dames. Gutt a vill Jugendaarbecht ass iwwer all di Joren gemaach ginn an als Héichpunkt vun all Saison steet de Youth Cup, deen net méi aus dem Kalenner ewech ze denken ass. De Buergermeeschter Mathis Ast huet dem Veräin felicitéiert fir den 100 Gebuertsdag an war houfreg d’Wichtegkeet vum FCKoeppchen am Veräinsliewe vun der Gemeng ze ënnerstraichen. Hien huet dem Veräin weider vill Joren mat vill Succès gewënscht. An de leschte Joren sou den Buergermeeschter huet déi grouss Unzuel vun Ekippen a Lizenzen derzou geféiert, datt d’Infrastrukturen ( haaptsächlech Vestiairen an Duschen ) der aktueller Situatioun net méi gerecht ginn, sou datt d’Gemeng mam Veräin 2019 eng Erweiderung an eng Renovatioun decidéiert huet. Des Aarbechten stinn elo virun der Fäerdegstellung. De Paul Phillipp, als President vun der F.L.F. huet de Wuermer Veräin als gutt gefouerten Veräin erfir gehuewen, den iwwer all di Joren bereet war sech den neie Situatiunen unzepassen ,wéi z.B. nei Kategorien am Jugendfussball, Dammen an net zu Lescht beim Babyfoot. Hien huet desweideren d‘Wichtegkeet vum Jugendfussball ënnerstrach an op d‘ Ennerstëtzung vun allen Instanzen higewisen. De Vertrieder vum Sportsministère Thierry Wagner huet Gléckwënsch fir 100 Joer Fusball Wuermer vum Sportsminister Georges Engel iwwerbruecht. Op gesellschaftlechem Plang huet hien op Wichtegkeet vun de Sportsveräiner higewisen, an datt och de Fussball eng gesellschaftlech a wichteg Aufgab zoukënnt virun allem am Jugendberäich. Als Ofschloss vum Programm ass den Gebuertsdagskuch presentéiert an opgeschnidden ginn. Fir d‘Animatioun war de Freestyle Choreographe Sven Fielitz engagéiert ginn, a fir de musikaleschen Encadrement huet den Ensembel vun der Wuermer Musek gesuergt. Bei engem gudde Pättchen Wäin a Crémant wéi hätt et och anescht op der Musel kënne sinn, ass nach bis spéit an Nuecht zu Wuermer gefeiert ginn. ( D.F. / B.J. )