Wallfaart op Kevelaer mat de Massendenger

31
Mai
2023
31 Mai

Kevelaerwallfaart

vun de Lëtzebuerger Massendénger

31. Mee – 03. Juni 2023


Léif Massendénger,

Et ass nees esou wäit ! Eng Wallfaart, an dës Kéier op Kevelaer (D), ass an Aussiicht an zwar vum 31.05. – 03.06.2023.

Massendéngerinnen a Massendénger aus dem Lëtzebuerger Land sinn invitéiert, un dëser Kevelaerwallfaart, déi viraussiichtlech a Presenz vun eisem Här Kardinol stattfënnt, deelzehuelen. Et kënnen aktuell am Ganze 35 Leit engem Reesbus matfueren, dofir hale mir och drop, fir nëmme Massendénger matzehuelen. Et heescht also: Net laang zécken! Sech direkt umellen, well déi éischt si vir!

Depart: Mëttwochs, de 31.05.2023 géint 7.45 Auer um P&R Bouillon an der Stad

Retour: Samschdes, den 03.06.2023 géint 21.30 Auer um P&R Bouillon

Präis: 420 € (abegraff: Busrees, Assurancen, Parking, Entrée, Iwwernuechtungen an all Iessen). Täschegeld brauchs du fir mol ee Souvenir oder eng Glace ze kafen.

Mir si logéiert am “Priesterhaus” – matten am Zentrum vu Kevelaer an direkt bei der grousser Wallfaartsplaz. Hei hu mir Kummere mat 2 oder mat 3 Better a wäerten och meeschtens do am Haus iessen.

Massendénger, déi virum 15.07.2013 gebuer sinn, kënnen un dëser flotter Wallfaart deelhuelen. Zéckt also net a schéckt esou séier wéi méiglech är Umeldung an enger Enveloppe (bis allerspéitstens den 01. Februar 2023) an d’Zentral. Iwwerweist och am Beschten direkt mat der Umeldung w.e.gl. een Acompte vun 220 € op de Konto “Archevêché de Luxembourg – Lëtzebuerger Massendénger” LU41 0028 4101 1668 9900 (BILLLULL) mat der Mentioun „Acompte Kevelaer 2023 + Familljennumm a Virnumm vum Participant“.

Direkt no der Ouschtervakanz melle mir eis bei Iech an da kritt Dir eng Fiche médicale fir auszefëllen. Dir kritt weider Informatiounen zur Wallfaart (och dann ugepasst un déi aktuell sanitär Situatioun) an da muss och de Solde vun 200 € iwwerwise ginn.

Falls een herno awer net matgoe kann: Bei enger Ofmeldung bis den 01.04. kritt Dir nach déi 220 € zréck. Fir Ofmeldungen, déi méi spéit kommen: Vun do u behale mir eis een Undeel un de Reservéierungsonkäschten, déi bis dee Moment entstane sinn, zeréck – ausser dir schéckt eis e Certificat médical.

Am Fall wou mir wéinst der aktueller Covid19-Kris d’Wallfaart net duerchféieren dierfen, kritt Dir natierlech mat Zäite Bescheed gesot a mir iwwerweisen Iech natierlech d’Suen zréck. Mir behalen eis dohier och d’Recht vir, bis den 30.05.2023 dës geplangte Wallfaart ofzesoen.

Wann den Umeldungsziedel an den Acompte an der Zentral ukomm sinn, kritt dir Bescheed gemailt (oder via Postwee), ob dir dobäi sidd!

Wann déi aktuell Maximalzuel vu 35 Participanten erreecht ass, gëtt dat op eiser Homepage (https://cathol.lu/massendenger) matgedeelt. Vun deem Dag u braucht Dir net direkt den Acompte ze bezuelen, mee nach just den Ziedel eranzeschécken. Dir gitt dann enregistréiert an der Rei no op eng Waardelëscht gesat. Wann ee sech ofmellt, da gitt Dir - der Rei no - vun äis kontaktéiert.

Mee wat ass Kevelaer a wat gi mer do kucken?

Fir e bësse méi kloer ze gesinn, musse mer zréck an d’Lëtzebuerger Geschicht kucken. – Den 8. Dezember 1624 huet de Jesuittepater Jacques Brocquart mat e puer Studenten eng Muttergottes-Statu virun d'Stadmauer op de Glacis an der Stad gedroen. 1625 gëtt do de Grondstee geluecht fir eng Kapellchen, wou d'Statu dra komm ass. Dat ass den Ufank vun der Veréierung vun der Muttergottes als Tréischterin, wouraus d’Oktav entstanen ass.

Och an den Nopeschlänner gëtt d’Muttergottes ënnert dësem Numm veréiert. Am berüümtsten ass e Pabeier-Bild vun der Tréischterin, dat zu Kevelaer veréiert gëtt (7,5x11cm). Et ass 1642 dohi komm duerch e puer däitsch Zaldoten, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren. Den 1. Juni 1642 ass dat Bild vum Geschäftsmann Hendrick Busman, deen den Zaldoten d’Bildchen ofkaaft hat, opgestallt ginn. Schonn 1643 sinn déi éischt Gruppe vu Pilger aus den Nopeschdierfer op Kevelaer bei d’Bild biede komm. Dat Bild gëtt haut nach zu Kevelaer veréiert an all Joer pilgeren e puer honnertdausend Leit dohin.

Ze kucken ass zu Kevelaer natierlech d’«Gnadenkapelle», wou dat Bildchen ausgestallt ass, dann d’«Kerzenkapelle», d’Basilika an esou weider.

Mir wäerten awer och bis op Xanten fueren, wann alles klappt bis an d’Erliefnisschwämm Gochness fueren an och kucke goen, wéi Kierchefënstere gemaach ginn. Dëst plange mir alles méi genee, wa mir bis wëssen, wéi et mat der aktueller Situatioun am Mee 2023 ausgesi wäert.

Esou, elo net méi laang zécken – a mell DU dech un!

Mat léiwe Gréiss

Équipe Lëtzebuerger Massendénger

Kontakt:

massendenger@cathol.lu


Umeldungsfiche (L + F):

https://web.cathol.lu/article9794