en Tour lanscht Uelzecht

Wei schon’s esou oft, war ech mat menger Kamera laanscht
Uelzecht ënnerwee, an zwar vum Neumünster bis op Gantebeensmillen.
Vill Leit kennen dësen Wee, sinn dach vill Leit zu Fouss mam Vëlo oder beim lafen do ënnerwee.
Awer net ëmmer gëtt och Natur gekuckt, oft de Kapp an de Buedem gestreckt e Rouerbléck oder de Kilometerzähler gekuckt an lass, awer wat ronderëm geschitt gëtt net gekuckt. Ech kennen dat, war oft genuch een vun deenen.Ech wollt deen emol zu Fouss maachen an dobäi Natur an Landschaft mat menger Kamera afänken.
Ok Neumünster, kinnt een 100 Fotoen maachen hunn e wineg Géigend geknipst a mech du op de Wee gemaach Richtung Gantebeensmillen, esou wéi Uelzecht mir entgeent leeft.
Vir eescht kommen ech an den Gronn, bekannt Bréck am Gronn, e belieft Photomotiv, also wat ass mer iwwreg bliwwen , hunn natierlech eng Photo gemat.Dann weider zu Fouss Richtung Polfermillen, wou awer net vill ze kucken ass. Dann no e puer Kilometer laanscht déi al Kofferfabrik, wou fréier eng Géisserei war, haut e Service vun der Gemeng dran ass
Duerno geet et méi an Natur an zwar kennt een dann op Schleifmillen, mat hiren Atelier Therapeutik, hirem Weeër, an och Servicer vun der Gemeng Lëtzebuerg. Op dëser Plaz Richtung Gantebeensmillen fend een eng schéin Villa an e puer interessant al Haiser.
Och sinn hei Leit, déi hir Gärt hei hunn, déi mat vill Léeft an der Rei halen.
No 5 Minuten, sinn ech bei Konscht Atelier komm, hei schaffen fräischaffend Kënstlecher, sief et mat Metall, Gummi,Holz a.s.w. E flotten Eck ass dat hei, wou een sech kann hin setzen eppes iessen an op der Bréck Natur geniessen. Et ass een och ëmmer wëllkomm.
Direkt derbäi , deen alen Wäschbur, wou fréier Awunner vun dëser Géigend hier Wäsch gewäsch hunn..Gudd erhalen, wou een op enger Tafel Informatiounen kritt, wéi dësen Bur an der Zaït gebraucht ginn ass.
Do beim Bur,konnt ech e puer Kormoranen an Reier entdecken, hunn mech op Lauer geluecht an e puer Fotoen gemat, waat net esou einfach ass.
Well ech wousst dat sech an de Bëscher ronderëm Tuermfalken ophalen, an déi Kormoran attackéieren hunn ech mech am Gebësch kleng gemat , an hunn duerch Chance esou een Kampf konnten fotograféieren.Leider hat ech net mäin professionelles Objektiv bei mer, da wären Fotoen super schaarf ginn.Et war e flott Erliefnis, dat awer no 5 Sekonnen eriwwer war.
Duerno hunn ech mech op de Wee bei Gantebeensmillen gemat, leider ass do jo näischt méi, ech als jonken Mann, sinn do mat mengen Frenn an Schwämm gaang an hunn do flott Dëg verbruecht.
No enger klenger Rascht, sinn ech du op der anerer Säit duerch de Bësch zréck gaang, an sinn mer mat Momenter vir komm wéi am Mëllerdall , duerch déi Fielser déi do virkommen.
Op enger Tafel kann een liesen wat vir een Steen et ass, an wat domat an der Zaït gemat ginn ass. Dann sinn ech zréck hannen laanscht der Villa komm, ëmmer
laanscht Uelzecht, zréck op Schleifmillen komm, an deeselwechte Wee zréck Richtung Neumünster. Et ass bei guddem Wieder en herrlechen Spazéierwee, wou een flott Ecker kann entdecken.