Krëschtmaart bei der gëlle Fraa

D'Chrëschtzäit ass voll amgaangen an iwwerall liicht et a blénkt et an alle Faarwen. E schéint Bild iwwert des flott Chrëschtdagsstëmmung bitt sech de Léit déi en Tour mam Riserad maachen. Wann e vun uewen erof iwwert dëse Chrëschtmaart kuckt an déi vill Liichtercher blénke gesäit dann ass e mat senge Gedanke scho ganz no bei Chrëschtdag.