Lux Voyages/CGFP hëlleft “Bonjour Bébé!”

Déi Responsabel vun der Fondation CGFP de Secours an der Oeuvre CGFP d’Aide au Développement freeë sech iwwert ee Scheck vun 7.300 €, deen hinnen vun der CGFP-Reesagence Lux Voyages iwwerreecht ginn ass. Mat dësem generéisen Don ënnerstëtzt Lux Voyages de Projet Bonjour Bébé! deen zanter méi wéi 10 Joer schwanger Fraen, Mammen an Bëbeeën am Togo hëlleft. D’Team vu Bonjour Bébé! setzt alles drun fir all méiglech Komplikatiounen wärend der Schwangerschaft, bei der Gebuert an och duerno, duerch d’Verdeelen vu Medikamenter, Iessen a Polvermëllech, ze vermeiden. Fir de medezinesche Suivi fueren Hiewanne bei déi Fraen heem, fir déi en Deplacement an eng Klinik meeschtens net méiglech ass. A méi kritesche Fäll bedeelegt Bonjour Bébé! sech un de Doktesch- a Spidolskäschten. Sensibilisatioun spillt hei och eng ganz wichteg Roll.

https://www.cgfp-services.lu/services/hellefen-aus-solidariteit