44° Microfono d'Oro 2016

Fir déi 44. Kéier war et erëm esou weit, och dëst Joer erëm zu Zolwer am Artikuss, hunn Umbri Nel Lussemburgo op hiren Microfono d'oro agelueden. Laang si schonn net méi eleng Kanner vu Famillen aus der Regioun Umbrien, mee och aus aneren Regiounen aus Italien dobäi. Zënter Jore sinn d'Organisateuren mat Leif a Séil dobäi, zum Deel ware se och selwer als Kanner schonn op der Bühn. Duerch den Owend hunn de Paolo Dolci an de Maurizio Sciamanna gefouert. D'Kanner goufen mat vill Léift schonn e puer Méint op deen Owend virbereet a vum Palmira Escana geleet.
Dat wichtegst bei dësem Concours ass net, wien am Beschte gesongen huet, mee dass d'Kanner Freed um sangen hunn a sech ameséieren. Et war wuel net eent vun hiren einfachsten Joren, mee op allefall war et e super Owend.

Nieft dem Povia, waren och den Andrea & Kiko, déi och scho selwer um Microfono d'oro Deel geholl hunn, an de Kanner Chouer Coro Girasole Lux, ënner der Leedung vun der Madame Gloria Campioli dobäi.