Ausstellung vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng

Am Kader vum Europäesche Kulturjoer 2018 hunn Geschichtsfrënn den 9., 10. an 11. November am Centre Polyvalent eng villfälteg Ausstellung presentéiert déi vill Succès hat. Eng 250 Leit hunn sech dat Geschichtlecht ugekuckt: vun ale originale Landkaarten, Postkaarten, Postgeschicht, keltesch a réimesch Mënzen, Artefakten aus der Steenzäit, 2. Weltkrich, al Vëloe bis Dokumentatioun iwwert dat schéint Uespelter Schlass. Do derniewent huet déi Fréisenger Musek hier Broschür zur 100 Joer Feier presentéiert. Des weideren ass e Buch iwwer déi opgestallte Geschichtspanneauen zu Uespelt erauskomm wat den Interessenten eng flott, mat Fotoen dokumentéierten, Zesummefaassung vun der Uespelter Geschicht hiergëtt. Eng gelongen Zesummenaarbecht vun deene jeeweilegen Aussteller.