Gaart & Heem Uespelt : Scheckiwwerreechung

Och dëst Joer huet de Gaart & Heem Uespelt nees Stréckowender organiséiert fir de gudden Zweck, dëst ënnert der Leedung vun der Madame Pascale Wallenborn-Genson. Wëll sie op eng Bezuelung verzicht, ginn d’Aschreiwungsfraise integral un eng Hëllefsassociatioun vun hirer Wiel. Sou konnt dëst Joer d‘Asbl ‘‘Zaubere mat Stoffrëschter fir Prématureeën an Stärekanner‘‘ ee Scheck vun 600€ entgéint huelen. Eng Equipe vu fläissegen Dammen keeft domadder Stoff an Accessoire fir Kleeder fir Bëbeeën ze bitzen oder ‘‘Abschieds-Sets‘‘ fir Stärekanner, deenen et net vergonnt war, dass hir Elteren se sollte kenneléieren. Dës Kleeder, ginn un d’Materniteeën gespent fir esou de Frühchen an hire Familljen den Openthalt an der Maternité méi faarweg ze gestalten an den Eltere vu Stäerekanner ee faarwege Moment an dëser schwaarzer Zäit mat op de Wee ze ginn. Och bei anonymme Gebuerten hëllefen sie, dass de Puppelchen schéi waarm bleift.

Sie bitzen awer och Decken a Kannerbettwäsch fir d’Materniteeën, an hëllefen sou op de Statiounen.

Dës nach jonk ASBL, gegrënnt am Joer 2018, freet sech iwwert all Don vun kandgerechte Stoffrëschter, souwéi iwwert finanziell Ënnerstëtzung fir all Accessoire wéi Knäpp, Bänner, Lastiker asw., déi musse kaaft ginn. Bei hinne kënnen och Familljememberen vun enger betraffener Famill ee Set als Kaddo bestellen géint eng Participatioun vun 15€. D’Kontosnummer ass LU60 0090 7800 0077 2590 bei der Raiffeisebank.

Fir wieder Informatiounen: zauberematstoffreschter@email.lu

De Comité vum Gaart an Heem Uespelt huet bei dësem Ulass gären de Patt an de Schnittchen gespent fir esou de Stréckerinnen an hirer Monitrice Merci ze soen fir di gutt Initiative.

Dir sidd all wëllkomm no der Rentrée fir de gudden Zweck mat ze strécken, Donneschdes Owes vun 19 bis 21 Auer am Centre Polyvalent zu Uespelt.