Konscht am Schlass zu Uespelt

Fir hir Hierschtausstellung huet de Konschtveräin Art et Création vu Munneref sech eng historesch Plaatz erausgesicht. Daat schéint restauréiert Schlass vun Uespelt an der Gemeng Fréiseng.

De Buergermeeschter Roger Beissel war frou 13 Kënschtler aus der Noopesgemeng ze begréissen
A senger Ried huet hien betount elo wou Arbechten um Schlass ofgeschloss sinn, misst Liewen drakommen. Ausstellungen a kleng Concerten si scho geplangt fir next Joer.

Presidentin vun Art et Création, Liliane Hein, war houfreg de Gäscht hier Equipe firzestellen an zwar: Janine Bintner, Viviane Dicken, Nicole Gibéryen, Viviane Haag, Amélie Lang, Lucien Meyer, Christine Raguet, Maggy Schlesser, Anny Schmit, Nadia Schmitz, Jean-Claude Schmitz an Tilly Wengler. Sie hunn 45 Biller a 4 Sculpturen ausgestallt, déi sech weise loossen.

Eng flott Ausstellung an engem schéine Kader.