CSV Mondorf-Duelem op der Braderie

CSV Mondorf-Duelem huet mat Spëtzenpolitiker aus dem Osten Präsenz op der Braderie zu Mondorf gewisen a stoungen de ganzen Dag Riet & Äntwert.

Um Stand vun der lokaler CSV Sektioun konnt een an enger flotter Atmosphäre nët nëmmen e Patt drenken an e Maufel iessen mee och esouz munnech Gadget'en an d'Täsch stiechen a sech zu aktuellen Themen aus der lokaler an der nationaler Politik emfroën. Fir d'Kanner goufen et Loftballon'en an Gesiichtsmoolerei. Déi orange Faarf huet op dësem Dag nët nemmen e bëssen Summer an d'Spill bruecht, mee och léiwt Laachen op d'Gesiichter vu munnech Kanner an Erwuessener wéi d'Fotoen et beweisen :-)