Kierzlech huet den Syndicat d'Initiative aus der Munnerefer Gemeng hir Generalversammlung am Bierger- an Kulturhaus ofgehalen. Den President Guy Schadeck konnt niewend dem Buergermeschter Steve Reckel matt sengem Scheffen- an Gemengenrod, och den Tourismusminister Lex Delles, den Direkter aus dem Casino 2000 Guido Berghmans, den Direkter aus dem Domaine Thermal Pierre Plumer, den ORT Vertrieder Louis Oberhag, den Citymanger aus der Gemeng Nathalie Hippert an Vertrieder vun den nopesch Syndicat'en begréissen. En huet den Autoritéiten an dem Komité en grousse Merci fir Önnerstetzung am vergangenem Joer ausgeschwât
Am Reckbleck vum Joer 2021 konnt den President nött vill Aktivitéiten, bedengt duerch Pandémie mattdélen, awer fir Joer 2022 Renaissance vum bekannten Rousefest no 40 Joer, den 19 Juni 2022 am Parc Thermale annonçéiren. Och Ouverture vun der Saison, den 10 Abröll 2022 am Park an den nationalen Feierdag matt enger Lasershow an dem traditionellen Banquet an enger anerer Form virstellen.
Am Lâf vun der Versammlung ass och den Roger Weirig no 33 Joer, dovun der 30 als President vun Syndicat d'Initiative zum Eirenpresident ernannt gin.
Nodem dass den Minister an den Buergermeschter dem Syndicat fir hir Arbecht félicitéiert an eng gudd Hand fir déi next Projet'en gewönscht hun, sin beim Patt nach schéin Errönnerugen ausgetosch gin.