Konveniat vu der 1re moderne 1969 vum Fieldgen

Konveniat vun der 1re moderne 1969 vum Fieldgen.

Ass Hierscht, ass och Konveniatszäit. Dëse Rendez-Vous hunn die fréier Schülerinne vun der 1re mod.1969 Fieldgen säit 54 Joer am Kalenner stoen.D‘ Christiane Weydert hat dëst Joer invitéiert an  alles perfekt organiséiert: Mëttegiessen beim „Nid Gourmand“ zu Mondorf, eng Foto virun der Maus Kätti duerno e sportlechen Tuer duerch dee schéine Mondorfer Park, an als Ofschloss nach e gudde Patt op enger Terrasse. E gelongenen Dag! Dee nächste Konveniat ass och scho gebongt: d‘ Gaby Bernard invitéiert eis dann alleguer an d‘ Stad.