Munneref weider zesumme gestalten

GEMENGEWAHLEN: Maggy Nagel DP- Spëtzekandidatin zu Munnerëf


Den Dënschten owend huet de Comité an d’Memberen vun der DP Munnerëf hier Kandidatelëscht fir déi nächst Gemengewahlen eestëmmeg ugehol.

D'Munnerëfer Buergermeeschtesch steet un der Spëtzt vun där DP-Lëscht. Ënnert den 11 bloe Kandidaten sinn eng Rëtsch bekannte Nimm. "Ons Kandidaten sin dynamesch, motivéiert an engagéiert Bierger, déi d’Gemeng Munnerëf gudd kennen, déi zënter Joeren privat a berufflech ze enger lieweger an attraktiver Thermalstad bäidroen" esou d'Präsidentin vun der Sektioun, d’Maggy Nagel.

Déi 11 Kandidate vun der DP op ee Bléck: Maggy NAGEL, 53 Joër, Buergermeeschtesch a Gemengebeamtin, Munnerëf; Lex DELLES, 26 Joër, Schoulmeeschter, Munnerëf; Lélia DOLINSKI-SCHWACHTGEN, 73 Joër, Gemengeconseiller, pensionnéiert Gemengebeamtin, Munnerëf; Candida ESTEVES, 57 Joër, Directrice Home St Louis, Munnerëf; Fränz NAU, 42 Joër, Steierbeamten, Munnerëf; Steve RECKEL, 35 Joër, Gemengeconseiller, Bankbeamten, Munnerëf; Guy SCHADECK, 51 Joër, Responsable vum Dép. Fin. vum Spillsall Casino 2000, Munnerëf; Léon SCHAUS, 52 Joër, Gemengeconseiller, Postbeamten, Elleng; Fernande SCHUMACHER, 60 Joër, pensionnéiert Bankbeamtin, Altwis; Charlotte STRASSER-BEINING, 65 Joër, pensionnéiert Léierin, Munnerëf an Arsène WEICKER, 54 Joër, Bankbeamten, Munnerëf.

Mat engem Duerchschnëttsalter vu knapp iwwer 50 Joër repräsentéiert dës Lëscht déi ganz politesch Erfahrung vun de läschte 3 Legislaturperioden ënnert der Verantwortung vun der Demokratescher Partei zu Munnerëf a baut an engems mat enger Rëtsch neien a jonke Kandidaten op eng zolid Basis fir d’Zukunft vu Munnerëf op.