Dem Fausto Gardini seng Signéierstonn an der „Libo“ war e groussen Erfolleg

Dass den Interessi un de Lëtzebuerger Auswanderer an Amerika ganz grouss ass, hu gëschter an der Mëttesstonn déi ongewéinlech vill Leit bewisen, déi an d'Libo op der Stater Gare komm waren, fir dem Auteur Fausto Gardini ze begéinen. Hien, deen an Italie gebuer gouf, zu Lëtzebuerg seng Schoule gemat huet, fir d'éischt bei d'Luxair schaffe goung an duerno am Ausland berufflech Karriere als Ingénieur commercial am Beräich Telekommunikatiouns- a Computerservicer fir d'Aviatioun gemat huet, ass vun Jacksonville (Florida) fir e puer Deeg op Lëtzebuerg komm. Hei huet hien och seng neiste Publikatiounen iwwert d'Auswanderung vu Lëtzebuerger an Amerika virgestallt. An deem Kader hat de Fausto Gardini, deem seng Mamm a Schwëster nach an der Gemeng Déifferdeng liewen, gëschter Dënschdeg an der „Libo“ op der Stater Gare eng Signéierstonn fir dräi Bicher, déi 2011 an 2012 publizéiert gi sinn. Et sinn dat déi zwee éischt Bänn aus der Serie „Luxembourg on my mind“ an „The American Aunt – US Doughboys & Damsels from Luxembourg“. An deene zwee éischtgenannte Bicher sinn iwwert 3 000 Leit an hir Famill an Amerika mat Lëtzebuerger Blutt identifizéiert, dorënner der ronn 300, déi a Gesondheetsberuffer aktiv waren oder et nach sinn. Nach am Laf vun dësem Joer soll den drëtte Band erauskommen, dee sech an der Haaptsaach op déi véier US-Bundesstaate konzentréiert, wou sech déi meeschte Lëtzebuerger Auswanderer niddergelooss hunn: Illinois, Iowa, Minnesota a Wisconsin. Fir d'Buch „The American Aunt“ huet den Auteur iwwert déi jonk Lëtzebuerger Fraen recherchéiert, déi nom Éischte Weltkrich mat US-Zaldoten an Amerika ausgewandert sinn. (j-lo) (Foto: Gerry Huberty)


www.faustogardini.com