Iwwerreechung vun 2 Schecken bei der Croix-Rouge Sektioun Bartreng

03
May
2025
03 May 19 Jun

D’Presidentin Janine Reuland-Schneider huet d’Madame Buergermeeschter Monique Smit-Thijs, esou ewéi d’Vertrieder vun der Gemeng d'Madame Martine Buck, den Här Henri Oberhausen-Krippler vun der Croix-Rouge, d'Madame Jil Scolati vum Jugenroutkraiz, den Här François Authelet vum Service Aides matérielles et alimentaires an all d’Quêteusen begréisst. No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Membere vun der Sektioun huet d’Presidentin e Reckbleck op e gutt gefëllten d’Joer 2024 gemaach an si ass op de Programm vun dësem Joer agaangen. De Programm vum Joer 2024 huet d'Suzette Decker am Detail virgedroen.D'Sektioun war do ënner anerem bei der Journée de bienvenue, dem Multi-Kulti, dem Nationalfeierdag an der Commémoration nationale esou ewéi dem Wantermaart vun der Gemeng derbäi. Och den traditionellen Floumaart bei den Hunnen huet stattfond, gradesou war d'Sektioun um Floumaart den November am Centre Atert derbäi.Duerno huet d'Simone Kremer-Schonckert de Keesebericht presentéiert. D'Kees ass ganz gesond, wat déi 2 Keesereviseusen bestätegt hunn.Beim Mois du Don 2024 sinn 9.130€ fir d'Sektioun gespent ginn. Dank dem Don beim Doud vun der Quêteuse Léa Geimer-Wampach, déi eis leider dat lescht Joer vill ze frei verlooss huet, konnt e Scheck vun 10255 € un d'Jugendroutkraiz gemach gin. En 2ten Scheck vun 7500 € ass iwwerreecht ginn un de Service Aides matérielles et alimentaires.Nodeem dass d'Madame Jil Scolati an den Här François Authlet hire Service virgestallt hunn sinn nach déi Dammen: Decker Suzette,Terrens Liliane,Vitali Triny,Federspiel Béa,Schaack Danielle an Hansen Nicole fir 10 Joer geéiert ginn an d'Madame Giersch Eugénie fir 30 Joer. Die Dammen Thein-Jemming Margot a Pepin-Klosen Mireille sinn nei am Comité opgeholl ginn. No ville léiwe Wieder vun der Madame Monique-Smit-Thijs ass déi desjährech Generalversammlung bei engem Patt an engem klenge Maufel op en Enn gaangen.