Ausfluch an d'Eifel, den 10. Juni

Ufank Juni si mir Fraen a Mammen vu Bartreng op Wachendorf eng orginell Kapell kucke gaangen. Dës butzeg Kapell ass vum schwäizer Architekt Zumthor entworf a vum Bauer a senge Frënn matten an säi Feld gebaut ginn. Si ass dem Friddenshellegen Nikolaus von Flüe (Brudder Klaus) geweiht. Et ass e fënnefeckegen Turm mat enger héiger dräieckeger Dier ower ouni Fënsteren. Bannendran wierkt si wéi eng zeltarteg Hiel, déi no uewen op ass, sou datt een den Himmel gesäit. Aus dëser Öffnung an duerch 350 mondgeblose Stëpp aus Glas kënnt e wéineg Luucht eran. Un der Mauer hänkt e Radzeechen aus Messing, dat un dem Brudder Klaus säi Meditationszeichen erënnert. No enger kuerzer Meditatioun huet ee vun den Erbauer eis ausféierlech Erklärungen iwwer de Bau vun dëser Kapell ginn.
No engem gudde gesellegen Iesse si mir weider op Gerolstein gefuer.
Am Naturkundenmuseum hu mir een interessante Film iwwer d'Geologie, d'Mineralogie an de Vulkanismus aus der Géigend gewisen an eng breetgefächert Féierung duerch de Musée kritt, bei där mir di sëlleg Exponaten mat Begeeschterung erklärt kritt hunn.
Dësen Ausfluch bei guddem Wieder behale mir a ganz gudder Erënnerung.