Chrëschtconcert vun der Bartrenger Musek

De Chrëschtconcert an der Kierch zu Bartreng hat, no enger coronabedéngter Paus an der leschte Joren, erëm e groussaartege Succès. D'Kierch war gutt gefëllt an d'Bartrenger Musek - ënner der Direktioun vum Claude Origer - huet begeeschtert. Um Programm stounge Wierker, déi d'Leit duerchaus ugesprach hunn: A Christmas Herald (Philip Sparke), Concertino for Flute (Cecile Chaminade), Prelude No 2 Op 3 (Sergei Rachmaninoff), Swan Lake (Pjotr Iljitsch Tschaikowsky), Victory (Rossano Galante), Lied ohne Worte (Rolf Rudin), The Gremlins Suite (Jerry Goldsmith), In the Christmas Mood. Groussen Applaus huet déi jonk Solistin Catherine Origer kritt; si huet mat Querflütt a Piccolo e staarken Androck beim Public hannerlooss. Bei den zwou Zugaben (Sleigh Ride, Leroy Anderson, a White Christmas, Irving Berlin) war d'Stëmmung an der Kierch um Héichpunkt ukomm. D'Bartrenger Musek huet keng Entrée opgehuewen, huet awer d'Leit gebieden, een Don fir d'ONGD Rokku Mi Rokka ze maachen. D'Aaarbecht vun dëser Organisatioun, déi sech am Senegal fir Persounen an enger Situatioun vun Handicap engagéiert, gouf vun zwou Mataarbechterinnen wärend dem Concert presentéiert.

Text: Guy Weirich

Foto: Emile Mentz