De Pippoo ennerstëtzt Kanner Wonsch Luxembourg duerch Facebook

E grousse Merci un de Claudio Berardi (alias Pippoo) fir seng Initiativ! De leschte Juni gouf de Claudio fir den "Bucket Challenge" nominéiert. Hien huet awer decidéiert seng Challenge ze änneren fir de Benefice vun eiser Associatioun. Hien huet en Opruff op Facebook gestart : 5 Cent pro Kommentar ënnert senger Publikatioun. Den 12. Juni gouf dat publizéiert, an a ganz kuerzer Zäit huet hien et fäerdeg bruecht iwwer 10.250 Kommentaren ze kréien.


Duerch sou Initiativen kënne mir d'Wënsch vu schwéier kranke Kanner erfëllen.

Also, wann dir och esou kreativ sidd, dann zéckt net fir sengem Beispill ze follegen oder maacht en Don op BCEELULL LU56-0019-5355-1687-0000.