Ergreifend Zeremonie am P3A zu Bartreng

D'Amicale vum Flegeheem P3A zu Bartreng, an enker Zesummenarbecht mat der Direktioun vum Haus, haten beschloss all deenen, déi sech an deene leschten Joeren (Joerzengten) aus dem P3A op den leschten Wé gemach haten, ze gedenken. Zu dësem Ulass hat d'Amicale eng "Plakette" machen geloos, déi vum service technique ënnert dém greissten Bam vum Haus installéiert gouf.

D'Zeremonie huet am Resto ugefangen, wou d'Direktioun ergreifend Wieder fond huet an wou besennlech Musek eis op den feierlechen Akt agestemmt huet. Duerno goufen all Leit mat hannenaus begleet, wou d'Plakette enthüllt gouf. D'Presidentin vun der Amicale huet hei en ergreifenden Text virgedroen ir, fir all déi lescht Versturwen, en wäissen Bändchen an den Bam gehangen gouf. Vill vun den Hannerbliwenen waren zudéifst geréiert an hun sech bei der Amicale an der Direktioun fir dësen, längst iwwerfällegen, Akt bedankt. Den Ofschloss vun dëser ergreifender Zeremonie gouf erem am Resto gemach, wou d'Direktioun op e Pättchen an op Mignardisen ageluet hat. Géigensäiteg gouf sech versprach, dës Platz vun "eisen Stären" regelméisseg ze besichen an an Eieren ze halen.