Fraen a Mamen an der Ausstellung iwwer den Nelson Mandela am Musée de la Résistance zu Esch/Uelzecht, den 10. September

D'Fraen a Mammen hunn d'Ausstellung iwwer den Nelson Mandela besicht, mam Thema "Vum Prisonnéier bis zum President". Hei gouf d'Liewen vum Nelson Mandela am Detail erklärt, a besonnesch säi Kampf géint Apartheet a sengem Land. Als Member vun der Befreiungsbewegung ANC huet hien sech fir d'Fäiheet, d'Gläichbehandlung vun de Schwaarzen a fir d'sozial Gerechtegkeet a Südafrika agesat. Hie wor 26 Joer laang agespaart, an hien ass nach haut dee bekannteste politesche Prisonnéier op der Welt. 1990 koum hie fräi an 1993 gouf hien zum éischte schwaarze President gewielt. "Fir fräi ze sinn, muss een esou liewen, datt een deem aneren seng Fräiheet respektéiert a fördert" : dat wor seng Iwwerzeegung.
E sëllege Fotoen vun alle Formaten bis zum Riiseposter si mat ville franséische Beschrëftungen versinn, an et krut een en englesche Film vun 20 Minuten mat franséisch Ënnertitelen gewise.
Mir goufen ower vun engem jonke Guide op Lëtzebuergesch gutt duerch d'Expositioun gefouert.
Dono souze mir bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Kuck nach gemittlech zesummen.