Fraen a Mammen am Nationale Fuerschungszenter fir Archeologie zu Bartreng, de 26. Februar

Donneschdeg, 26. Februar hunn d'Fraen a Mammen dese Fuerschungszenter besicht. Mir hunn den Oflaf erkläert kritt, wat mat engem archéologesch interessante Géigestand vu sengem Fund bis zu senger Ausstellung geschitt. Dest Stéck gëtt an der Röntgen-Kummer genee duerchliicht, éier en an enger spezieller Wäschanlag vu sengem Buedem befreit gëtt. Am Fotostudio gi Fotoë geholl an dono gëtt en an de Katalog mat senger Referenznummer an de Fotoën opgeholl.
De Fuerschungszenter besëtzt och eng Kill- a Gefréierkummer an e Lager, wou dausende vun Elementer archivéiert sinn an op hiren Traitement waarden.
Di meeschte Saachen ginn duerch pueren Zoufall entdeckt. Munchmol weisen se e léiwen Detail op, wéi z.B. Patte-Spueren vun engem Hond an engem Villchen op enger Daachzill (3.Foto) aus der Réimerzäit.
Weider ass eis e besonnesche Pouster (13.Foto) opgefall : Et stellt d'Stat Lëtzebuerg duer, mat senger Festung virun der Schläifung 1867, ower aus der Vulleperspektiv ! Si besteet aus e lauter eenzelne Fotoen, déi wéi e Patchwork zesummegesat gi sinn.