Hämmelsmarsch zu Bartreng

Wärend zwee Weekender ufanks November huet d'Bartrenger Musek an de Stroosse vun der Uertschaft den traditionellen "Hämmelsmarsch" zur Kiermes gespillt. Vill Leit ware ganz frou doriwwer. Immens dacks hunn d'Musikantinnen an d'Musikanten och déi schéi Melodie "T'ass Kiirmes am Duerf" spillen dierfen. D'Bartrenger Musek ass houfreg an dankbar, datt hiert Spill esou gutt vun de Bartrenger Leit opgeholl ginn ass. Een dräifachen Tusch fir d'Awunner vu Bartreng!