Iwwerreechung vun 2 Schecken am Wert vun 1500 € un sozial Ariichtungen, de 15. Januar

Bei enger Feier ass den Erléis vum eisem leschten Hierschtfest weiderginn.

D'Presidentin vun de Fraen a Mammen Bartring, Triny Reuter, huet zusumme mat de Comitésmemberen ee Scheck vun 1.500 € der Mme Sonia Schneiders iwwerreecht, déi de Foyer "Siweschléifer" vun der ACFL vertrëtt. Mat deem Geld wert sech de Foyer nei Kannersëtzer fir hire Minibus uschafen.

Den zweete Scheck vun 1.500 € huet den Här Maurice Bauer kritt. Hien ass President vun, ënner anerem, dem "Foyer Bové", dee sech ëm bedüerfteg Fraen këmmert. Dëst Geld gëtt fir eng intern Kanner-Garderie benotzt.

Bei engem Raklettsiessen hu mir ee gemittlechen a lëschtegen Owend verbruecht.