Départ an d´Pensioun

“Merci, Merci, Nicole, nous te chantons Merci.“

Den 10. Juli 2022 gouf den Départ an d´Pensioun vun der Parassistentin an Titularkatechetin Nicole Kleer an der Familljekierch zu Bastenduerf gefeiert. Während der flotter, animéierter Familljemass gouf dem Nicole Äddi a villmools Merci gesot fir hier wäertvoll a villfälteg Déngschter an eiser Par, bei de Kanner an den eelere Leit.

Vill Kanner, déi d´Nicole aus der Kateches kennen, ware mat hieren Elteren a Grousselteren komm, fir d´Nicole Kleer an hier Pensioun ze begleeden. Dono gouf nach een Apéro vum Pastoralteam vun der Par Parc Our Saint - Nicolas am Gemengesall zervéiert.

More news by Nadine Willems >