Op der Bauschelter Millen.

Bauschelter Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen déi zu der Gemeng Bauschelt gehéiert.

D'Gebai ass bewunnt a läit un der Uewersauer, déi hei d'Grenz mat Bungeref mécht. D'Bëllerbaach, eng kleng Baach déi vu Bauschelt erof kënnt, leeft hei an d'Sauer.

Un der baussenzeger Fass ass e Wope mat den Initiale vun der "Keeserin" Maria Theresia vun Éisträich. Bei Renovéierungsaarbechte gouf dee Wopen 1920 fräigeluech