D'Gesangveräiner vu Bech, Biwer, Fluesweiler, Hemstel an Nidderdonven
hu sech zesummegeschloss, fir den 12. Oktober ëm 17 Auer zu Bech am Festsall „Hanner Bra“ e schéine Concert mat Filmmusek ze sangen.
Direktioun: Jos. Stutz, Piano: Thierry Konsbrück.
D'Sängerinnen an d'Sänger wiere frou, fir vill Leit op hirem Concert begréissen ze kënnen an hoffen, dass deen een oder anere vläicht esouguer Spaass kritt, sech engem vun dëse Gesangveräiner unzeschléissen – jiddereen ass wëllkomm.
Nom Concert zeréieren d'Sängerinnen an d'Sänger gären eng gutt Hameschmier – dofir muss een sech just bis de 6. Oktober um Telefon 79 02 85 (Tessy Hau-Thomé) oder 799 143 (Mariette Stutz-Eischen) umellen. De ganze Programm vum Concert ass ze fannen op:
www.mywort.lu/Bech
Luxemburger Wort vom Mittwoch, 1. Oktober 2014, Seite 32 (1 View)