Micky Mais hunn Chrëschtbeemercher fir d’ Buergbrennen agesammelt

Och dëst Joer hunn d’Micky Mais aus der Gemeng Bech sech rëm op de Wee gemaach, vir op der Schanz, zu Heeschbreg, op der Kraizenhéicht an um Kuebebuer, di ausgedéngten Dännen anzesammelen. Insgesamt konnten dëst Joer eng ronn 55 Beemercher um Unhänger plazéiert ginn, di dann op Buergsonndeg, den 26. Februar 2012, de Koup ënnert dem Kräiz wäerten zum Brennen bréngen.