SCHWEECHERDAULER MEEDERCHER A JONGEN Joergäng 1947 - 1955

Viru kuerzem hu mir Meedercher a Jongen aus der Schweecherdaul (1947 - 1955) äis mat eiser Léierin der Madame Maria Hoffmann-Frank fir di 11. Kéier zu Biekerich an der Millen erëmgesinn.

Nom Aperitif si mir mat engem gudde Maufel an engem sëffige Pättchen an der Millen verwinnt gin. A geselliger Ronn gouf zesummen bis an den Owend iwwer déi fréier Zäiten geschwat, an hunn äis virgeholl den 12. Konveniat am Joer 2024 ze feieren.

Muller Jean